Vos questions

Service psychosocial (SPS)

Wat ass d‘psychesch Gesondheet?

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) definéiert d’psychesch Gesondheet als “en Zoustand vu Wuelbefannen, woubäi d’Persoun vun hire Fäegkeete profitéiert, déi normal Liewensbelaaschtunge bewältegt, produktiv schafft, an eppes zu hirer Gemeinschaft bäidréit”.

Et ass wichteg ze präziséieren, dat psychesch Gesondheet méi ass wéi just "net krank ze sinn". Änlech wéi bei der physescher Gesondheet, kann déi psychesch Gesondheet ganz staark variéiere – vu ganz gutt bis ganz schlecht. Wat déi psychesch Gesondheet méi schlecht ass, dat et méi warscheinlech ass (awer net onbedéngt noutwendeg), dass déi Krittäre vun enger psychescher Stéierung erfëllt sinn.

Méi Informatioune fannt Dir am folgenden Dokument:

Muss et mir ganz schlecht goe fir ee RDV am Service psychosocial (SPS) ze huelen?

Nee. Dir musst net waarde bis Dir den Androck hutt datt guer näischt méi geet. Den SPS vertrëtt d'Iddi vun der Präventioun an encouragéiert d’Agente Kontakt mam Service opzehuelen soubal si den Androck hunn eng belaaschtend Situatioun ze erliewen, wou d‘Léisungsversich net zu dem erwaarten Zil féieren. Duerch ee Berodungsgespréich kënne sech méiglecherweis nei Perspektiven entwéckelen, déi hëllefräich kéinte sinn an eng Chronifizéierung vun der Thematik verhënnert.

Wat ass eng psychologesch Berodung? Wat ass eng Psychotherapie?

Fir den SPS ass eng psychologesch Berodung bei enger Liewenskrise oder bei engem Onwuelsinn ubruecht. Leien awer éischter Symptomer fir, déi op eng psychesch Stéierung hiweisen (wéi z.B. eng Depressioun, eng Angschtstéierung oder eng Iessstéierung), dann ass eng Psychotherapie ubruecht. Zil vu béidem ass et Verännerungsprozesser un d’Lafen ze kréien.

Eng psychologesch Berodung am Service psychosocial kann hëllefen déi passend Ënnerstëtzung fir Iech ze fannen.

Méi Informatioune fannt Dir a folgenden Dokumenter:

Wéi huelen ech ee Rendez-vous beim Service psychosocial?

Dir kënnt de Service per Telefon (247-73100) oder per Mail (service-psychosocial@mfp.etat.lu) erreechen. D’Ekipp versicht Iech esou séier wéi méiglech ee Rendez-vous ze proposéieren. Den SPS bitt och Téléconsultatiounen un (z.B. via Skype, Webex oder änleche Plattformen).

Wann Dir eng Dispens vun Ärer Aarbecht wëllt, kann de Service psychosocial Iech e Certificat fir Är Präsenz am Service ausstellen. Dir selwer kënnt daat dann Ärem Virgesetzte ginn, deen dann op fräiwëlleger Basis iwwert Är Fräistellung decidéiert. Vum Service psychosocial aus gi keng Informatiounen un Äre Virgesetzte weider.

Wann Dir Är Administratioun net wëllt informéieren, datt Dir ee RDV am SPS hutt, da musst Dir Congé ufroen oder Är Aarbechtszäite mam Horaire mobile reegelen.

Ech hu privat Problemer - dierf ech trotzdem an d‘Berodung kommen?

Sécher! Et läit am Interessi vun der Fonction Publique, dass et Iech gutt geet, a privat Problemer kéinten och en Impakt op Är Aarbecht hunn. Den SPS mécht mat Iech eng Analyse vun der Situatioun a kuckt mat Iech zesummen, wat Dir bis elo schonns gemaach huet. Demnowéi, kënnt Dir och méi oft op hire Service zeréckgräifen, oder d‘Ekipp verweist Iech un eng méi adequat Adresse virun.

Kann ech wärend mengen Aarbechtsstonnen an d’Berodung kommen?

Eng Consultatioun am SPS gëtt net als Visitt médicale ugesinn. D’Ekipp kann Iech allerdéngs e Certificat austellen deen Är Präsenz am SPS noweist. Dee kéint Dir dann Ärem Virgesetzte ginn.

Deen huet d'Méiglechkeet, Iech eng Dispens ze ginn, wann hien/Si aschätzt, dass eng Berodung vun Iech am Interêt vun Ärem Service ass.

Wann Dir awer elo d’Administratioun net vun Ärem Rendez-vous am SPS informéiere wëllt, da kënnt Dir Congé ufroen, Äre compte-épargne temps (CET) benotzen oder den Horaire mobile benotzen, wuelwëssend datt eng Consultatioun zirka eng Stonn dauert.

A wéi fern ass d‘Gespréich vertraulech? Wie gëtt gewuer, dass ech e Gespréich am Service psychosocial haat?

All Psycholog deen am Service psychosocial schafft, ënnerläit der Schweigeflicht. D’Ekipp ass iwwerzeegt, dass eng gutt Berodung nëmme stattfanne kann, wann de Client Vertrauen huet.

All Berodunge mam Psycholog sinn also vertraulech an et gëtt kee gewuer, dass Dir e Gespréich am Service psychosocial haat, ausser Dir géift engem Mataarbechter dovunner erzielen.

Den SPS gëtt Iech awer eng schrëftlech Confirmatioun vum Rendez-vous mat. Wann Dir wëllt, kéint Dir deen bei Iech an der Administratioun ofginn an eng Dispenz ufroen.

Weider Detailer fannt Dir an hirer Schweigepflichtserklärung:

Ech schaffen als Employé an engem Etablissement public, dierf ech trotzdeem bei den SPS an d’Berodung?

De Service psychosocial bitt seng Servicer un all Persoun déi an der Fonction publique schafft, dat heescht beim Staat, den Etablissements publics an an de Gemengen, un.

D’privat Employéë an engem Etablissement public, si gebiede sech un aner Organisatioune ze wenden, wéi zum Beispill :

Besteet d’Méiglechkeet, Téléconsultatiounen ze maachen?

Jo. Den SPS bitt Téléconsultatioune iwwert Skype un, awer och iwwert aner Plattformen, je no Besoin.

Dir kënnt iwwert Telefon (247-73100) oder iwwer Mail (service-psychosocial@mfp.etat.lu) ee Rendez-vous ufroen. D’Ekipp versicht Iech esou séier wéi méiglech e Rendez-vous ze proposéieren.

Verschidde Interventiounen erfuerderen e physesche Rendez-vous. Dat gëtt dann zesumme mam Psycholog gekuckt.

Wéi kann ech mech op eng Berodung virbereeden?

Dir hutt d‘Méiglechkeet Iech ob de Rendez-vous am Service psychosocial virzebereeden. Dëst erlaabt Iech ee maximale Notzen aus dem Eischtgespréich mam Psycholog ze zéien a bréngt Iech selwer méiglecherweis nach méi Kloerheet iwwert Är aktuell Situatioun.

Hei e puer Froen déi Dir virum Rendez-vous virbereede kënnt:

  • Wat sinn d’Ziler déi Dir am Berodungsgespréich mam Psycholog erreeche wëllt?
  • Wat hutt Dir schonn alles gemaach, fir Äert Ziel ze erreechen an/oder de Problem ze léisen? Wat waren d’Resultater?
  • Wéi eng positiv Verännerunge si bis zu Ärem Eischtgespréich am Service psychosocial méiglecherweis agetraff?
Ech hunn e Konflikt mat engem Aarbechtskolleeg/mengem Virgesetzten - wat kann ech maachen?

Bei der Analyse vun der konfliktueller Situatioun versicht de Psycholog sech e méiglechst ëmfaassend Bild vun der Situatioun ze maachen:

  • Wat sinn d’Elementer déi de Konflikt ausgeléist hunn? Wéi ass de Kontext?
  • Wat ass den Historique vum Konflikt?
  • Hutt Dir scho selwer versicht Léisungen ze fannen fir de Problem ze behiewen ? Wa jo, wéi eng ?
  • Etc.

Heiansdo kënnt een net méi virun, da wier eng fräiwëlleg Mediatioun tëschent den zwou Parteie am Service eng Méiglechkeet de Konflikt ze léisen.

Ech wéilt no laanger Absence nees schaffe goen? Wéi soll ech virgoen?

D’Reprise no enger laanger Absence ass oft mat Onsécherheete verbonnen. Et stellt ee sech op eemol vill Froen: Kann ech esou schaffe wéi virdrun? Sinn ech nach esou belaaschtbar? Wat denke meng Kolleegen oder mäi Virgesetzen? Etc.

Den SPS kann Iech an Är Aarbechtskolleegen bei der Reintégratioun begleeden. Dëse Service riicht sech och un all Agent deen aus engem Congé de maternité, respektiv parental oder engem Congé sans solde zeréckkënnt.

 Méi Informatioune fannt Dir um Portail vun der Fonction publique.

Ech maache mir Suergen um een Aarbechtskolleeg - wat kann ech maachen?

Hutt Dir d’Gefill datt iergendeppes mat Ärem Aarbechtskolleeg net stëmmt? Ären Aarbechtskolleeg ass net méi esou wéi virdrun. Villäicht ass hien/Si net méi esou effikass ewéi soss, oder reagéiert net méi esou wéi virdrun. Hien/Si zitt sech méi oft zeréck oder ass vill méi gereizt ewéi soss.

Den SPS beréit Iech gären, wéi Dir an esou enger Situatioun weiderhin a Kontakt mat der Persoun bleiwe kënnt, a wat fir aner Méiglechkeete et ginn, fir der Persoun ze hëllefen.

D’Ekipp vum SPS steet Iech bei Froen zur Verfügung. Méi Informatioune fannt Dir och a folgende Broschüren:

Hëlleft den SPS mir bei der Sich no enger neier Aarbechtsplaz?

De Service psychosocial huet keng Méiglechkeeten, Iech innerhalb oder ausserhalb vun der Fonction publique eng nei Aarbechtsplaz ze sichen.

Wann Dir Är Aarbechtsplaz wiessele wëllt, kuckt Iech d'Offeren op GovJobs.lu un.

Wann Dir net sécher sidd, ob e Wiessel d'Léisung fir déi schwiereg Situatioun ass déi Dir momentan duerchliewt, oder wann Dir eng Persoun mat spezifesche Besoine sidd an e Wiessel net esou einfach ass, kontaktéiert de Service psychosocial. Eng psychologesch Berodung kann hëllefen Är Léisungsiddien ze erweideren oder awer och Iech ze stäerke fir d'Sich vun engem neie Posten.

Dernière modification le