Vos questions

Espaces de coworking (LU)

Wéi eng Virdeeler huet een, am Coworking ze schaffen?

De Coworking ass eng Alternativ zum Teletravail an huet direkt e puer Avantagen:

  • Méi kuerz Weeër: Déi Leit, déi deels e wäite Wee fuere mussen, respektiv déi riskéieren, am Stau ze stoen, gewanne mat Coworking Zäit déi si fir aner sënnvoll Aktivitéite kënnen notzen, z.B. Famill, Hobbyen, etc.
  • Méi Steierkloerheet fir Frontalieren:  D’Kolleegen aus Frankräich, Däitschland an der Belsch hu just e limitéierte Contingent un Deeg zegutt, déi si kënnen am Teletravail verbréngen. Ass dëse Contingent opgebraucht, riskéieren si an hirem Heemechtsland besteiert ze ginn, wa si weider Teletravail maachen. Wa si eis Offer vum Coworking notzen, brauche si net bis an d’Stad ze fueren, well Coworking  vun de jeeweilege Steierämter net als “Teletravail” ugesi gëtt, vu datten d’Agenten um lëtzebuergeschen Terrain schaffen.
  • Nei Kolleegen: De Coworking ass och en Espace, an deem een nei Kontakter mat aneren Agenten aus anere Verwaltunge knëppe kann. Hei kënnen onerwaart Kollaboratiounen entstoen, oder et kann ee säi professionellt Netzwierk vergréisseren.
  • Méi Ofwiesslung: Heiansdo sinn d'Deeg am Teletravail oder um Bureau laang. Do hëlleft et, wann een e wéineg aus senger Routine ausbrécht a vun anzwousch anescht aus schafft (a wou een och de richtegen Equipement huet).
Dierf jiddereen an engem Coworking Space schaffen?

Jo, all déi Staatsbeamten, déi dat vun hirem Chef d’administration erlaabt kréien. 

Fir engem Agent Coworking z’erlaben, recommandéiert den Ministère fir d'Fonction publique (MFP) de Chefs d’administration ze kucken, wéi beim Teletravail, ob verschidde Krittären erfëllt sinn:

  • Är Funktioun muss kënnen à distance erfëllt ginn;
  • Den MFP recommandéiert de Personalcheffen e formelle schrëftlechen Accord z’ënnerschreiwen, deen Iech erlaabt, Coworking ze maachen.
Wéi dacks däerf een an de Coworking schaffe goen?

Wann een an engem Coworking Space schafft, rechne mir beim Ministère fir d'Fonction publique (MFP) dëst als Teletravail. Prinzipiell däerf een am MFP bis zu 3 Deeg an der Woch à distance schaffen oder e Mix vu Béide maachen.

An der Theorie kann een also deemno bis zu 3 Deeg an der Woch am Coworking schaffen. Mee opgepasst – da kann een an där Woch keen Teletravail méi maachen.

An der Praxis ass et ëmmer am beschten, Dir schwätzt fir d’éischt nach eng Kéier mat Ärem Virgesetzten.  

Dierf een an engem Coworking Space Reunioune mat externe Prestatairen halen?

Et kann een e Reuniounssall reservéieren, wou och extern Leit kënnen an de Coworking Space komme fir déi Reunioun. Dat sollen awer Ausname sinn, an et soll séchergestallt sinn, datten déi aner Coworkeren duerch de Va-et-vient vun den Externen net gestéiert ginn. 

Ass et méiglech am Coworking Space Workshoppen z’organiséieren?

D’Espacen am Coworking Space vu Schieren, Klierf aN Diddeleng eegene sech perfekt fir Reuniounen am klenge Kommitee, mee awer net fir Aktivitéite wou eng grouss Unzuel vu Leit un engem Workshop deelhuele sollen.

Kann een och ausserhalb vun den Aarbechtszäiten an de Coworking goen?

Nee, et gëllt déi selwecht “Amplitude” wéi um Bureau a wéi si am Statut vum Fonctionnaire definéiert ass. 

Wéi steet et mat der Confidentialitéit?

De Chef d’administration muss entscheeden ob Är Funktioun digital genuch ass fir datt Dir Är Aarbecht kënnt an engem Coworking Space maachen. Dozou gehéiert datt Dir keng physesch Dossiere musst transportéieren an all Är Aufgaben online iwwert eng VPN-Verbindung kënnt erleedegen. Am Prinzip sollt Dir also keng Dokumenter physesch an engem Coworking Space traitéieren, woumat d’Confidentialitéit assuréiert ass. 

An engem Coworking Space ass och ganz bewosst kee Printer installéiert, fir datt keng vertraulech Dokumenter erausgeprint kënne/solle ginn an eventuell leie gelooss kënne ginn.

Confidentiel Gespréicher oder Telefonater kënnen an engem Reuniounssall gefouert ginn, deen ee sech ka separat reservéieren. 

Wat ass mat deenen, déi am Süden oder am Zentrum vu Lëtzebuerg wunnen?

En drëtte Coworking Space zu Diddeleng-Beetebuerg wäert Ugangs September 2025 seng Dieren opmaachen an Ugangs 2026 ass zu Déifferdeng e weidere Coworking geplangt, woumat de Süde gutt ofgedeckt wier. Am Osten an am Weste sinn d’Recherchen am Gaang, mee do gëtt et nach keng prezis Timeline. 

Wéi gëtt de Coworking Space steierlech gehandhaabt wann een am Ausland wunnt?

Fir d’Steieramt ginn Är Stonnen an engem Coworking Space als Büroszäit ugesinn, an net als Teletravail, vu datt ee jo um lëtzebuergesche Buedem schafft. Wann Äre Contingent un Deeg am Teletravail also opgebraucht ass, kënnt Dir deemno an e Coworking schaffe  goen, a musst net onbedéngt all Dag bis op de Büro fueren. D’Frontalieren, deenen d’Unzuel un Deeg, déi si kënnen am Teletravail verbréngen, limitéiert ass, sinn deemno déi gréissten Zilgrupp vum Coworking Programm, awer net nëmmen. 

U wie kann ee sech mat senge Froe wenden?

Wann Dir Froen zum Theema Coworking sollt hunn, da kënnt Dir e Mail u coworking@mfp.etat.lu schécken.

Dernière modification le