Public cible
Persounen, déi um Sujet interesséiert an dovunner betraff sinn
Prérequis
Sproochkenntnisser am Lëtzebuergesche um Niveau B2 (minimum) nom europäesche Referenzkader
Cycle de compétences
Formation continue, Stage
Objectifs
Um Enn vun der Weiderbildung wäerten d'Apprenantë fäeg sinn:
- d'Reegele vun de Sektiounen I, II an III vum Orthotrainer erëmzeginn; d'Reegele vun der Orthografie, déi am Zertifikat
- Lëtzebuerger Orthografie (ZLO) gefrot ginn, ze applizéieren;
- déi Lëtzebuerger Sprooch der offizieller Norm no ze schreiwen;
- d'Orthografiesreegelen och op nei Wierder ze applizéieren;
- tëschent genormter Héichsprooch an net genormter Sprooch (z. B. Regionalismen, Dialekter) ze ënnerscheeden;
- d'Dynamik vun der Lëtzebuerger Schreifsprooch an d'Notioun vum Schëftbild ze reflektéieren;
- Hëllefsmëttel a Kontakter bei Froen ze notzen (z. B. lod.lu, Spellchecker, Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch)
Contenu
Well ëmmer méi Leit wëlle Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren, huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) säin Orthotrainer mat engem prakteschen Tool weiderentwéckelt, deen et de Benotzer a Benotzerinnen erlaabt, d'Orthografie flexibel ze entdecken oder hir Orthografieskenntnisser ze verdéiwen.
Dëse Cours ass am Blended-learning-Format:
D'Participanten an d'Participanteë kënne sech an enger Period vun dräi Méint asynchron mam Tool https://orthotrainer.lu/forméieren. An der Mëtt vum Parcours gëtt e Workshop ugebueden, fir op verschidde Fäll an op Froen anzegoen an d'Grondkenntnisser ze assimiliéieren. Um Enn vum Parcours gëtt e weidere Workshop ugebueden, fir de Léiertransfert ze erhéijen an déi nei Kompetenzen ze festegen.
Fir de Workshop, dee sech um Apprentissage coopératif inspiréiert, gëtt ugeduecht, datt d'Participantë Léiergruppe vun 2 bis 4 Persoune bilden. Am Géigesaz zum E-Learning, bei deem all Participant eleng schafft,ginn d'Leit hei animéiert, fir a Gruppen zesummenzeschaffen.
D'Participanten an d'Participanteë sollen no Ofschloss vun der Formatioun e ganz gudde Bagage hunn, fir den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie (ZLO) ze maachen.
Contenu:
- Basis
- D'Vokaler a, i, o, u
- D'Diphthongen
- De Vokal e
- D'r-Reegel
- D'Konsonanten
- D'Verben
- D'n-Reegel
- D'Friemwierder
- D'Grouss- a Klengschreiwung
- D'Getrennt- an Zesummeschreiwung
Gestionnaire de formation
Melody Morgado
Tél. : 247 83161
E-mail : melody.morgado@inap.etat.lu
Modalités d'inscription
Sélection
Les places disponibles sont accordées sur la base du principe « premier arrivé, premier servi » pour autant que les demandes répondent au public-cible défini pour la présente formation. Le nombre de places disponibles affiché dans le tableau ci-dessous ne prend pas en compte les demandes en cours de traitement introduites au cours des dernières 24 heures.
Détail des dates
Sessions
Langue(s) du cours: Luxembourgeois
| Code | Date | Formateur | Durée | Inscription |
|---|---|---|---|---|
| EC-8037-01 | 27-02-2026 | N./A. | 7.50 jour(s) / 45.00 heure(s) | S'inscrire en ligne 15 place(s) restante(s) |