Public cible
Agenten/Agentinnen, déi am (berufflechen) Alldag reegelméisseg Texter op Lëtzebuergesch schreiwen.
Cycle de compétences
Formation continue, Stage
Objectifs
Um Enn vun der Weiderbildung wäerten d'Apprenantë fäeg sinn:
- Reegelen a Recommandatiounen am Beräich vum administrative Schreiwen erëmzeginn an ze applizéieren.
- D'Basisstruktur an déi eenzel Elementer vun engem Bréif oder enger Mail ze kennen.
- Bréiwer a Mailen no de Prinzippie vum administrative Stil an engem gehuewenen, korrekte Langage ze formuléieren.
- Feedback ze ginn iwwer hir Erfarungen am Beräich vun der Formulatioun vun administrative Bréiwer a Mailen op Lëtzebuergesch.
- D'Hëllefsmëttelen, déi den ZLS (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch) zur Verfügung stellt, am Beruffsalldag ze notzen.
Contenu
- D'Basisstruktur an d'Elementer vum Bréif
- D'Basisstruktur an d'Elementer vun der E-Mail
- D'Prinzippie vun der administrativer Sprooch
- D'Héiflechkeetsform
- D'Ofkierzungen
- D'Ressourcë vum LOD
- Glossairë mat geleefege Formuléierungen an nëtzleche Wierder
Gestionnaire de formation
Melody Morgado
Tél. : 247 83161
E-mail : melody.morgado@inap.etat.lu
Modalités d'inscription
Sélection
Les places disponibles sont accordées sur la base du principe « premier arrivé, premier servi » pour autant que les demandes répondent au public-cible défini pour la présente formation. Le nombre de places disponibles affiché dans le tableau ci-dessous ne prend pas en compte les demandes en cours de traitement introduites au cours des dernières 24 heures.
Lieu d'organisation
Institut national d'administration publique 10, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Détail des dates
Session EC-8124-01
- 23. Februar - 12. Mäerz 2026: 6 Stonne Moodle autonom Léierphas
- 13. Mäerz: 4 Stonne Workshop (10h00 - 12h00 an 13h00 – 15h00) präsentiel am INAP
Session EC-8124-02
- 01. Juni – 18. Juni: 6 Stonne Moodle autonom Léierphas
- 19. Juni: 4 Stonne Workshop (10h00 - 12h00 an 13h00 – 15h00) präsentiel am INAP
Remarques
An der autonomer Léierphas léieren d’Participanten d’Reegelen an d’Recommandatiounen am Beräich vum administrative Schreiwe kennen.
Am Workshop schreiwen se selwer administrativ Bréiwer a Mailen an engem gehuewenen, korrekte Langage.
Déi verschidden Hëllefsmëttelen LOD a Spellchecker gi virgestallt.
Sessions
Langue(s) du cours: Luxembourgeois
| Code | Date | Formateur | Durée | Inscription |
|---|---|---|---|---|
| EC-8124-01 | 23-02-2026 | Mme Boever | 1.67 jour(s) / 10.00 heure(s) | S'inscrire en ligne 12 place(s) restante(s) |
| EC-8124-02 | 01-06-2026 | Mme Boever | 1.67 jour(s) / 10.00 heure(s) | S'inscrire en ligne 12 place(s) restante(s) |