Public cible
Agenten/Agentinnen, déi am (berufflechen) Alldag reegelméisseg Texter op Lëtzebuergesch schreiwen.
Cycle de compétences
Stage
Objectifs
D'Participantë/teë sollen:
- déi wichtegst Reegelen am Beräich vun de Friemwierder, der Grouss- a Klengschreiwung an der Getrennt- an Zesummeschreiwung verstoen an applizéiere kënnen.
- mat dësem Cours gutt op den ZLO (Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie) virbereet ginn, andeems all d‘Reegelen, déi am ZLO ofgefrot ginn, am Cours entdeckt, geüübt a widderholl ginn.
- sech bewosst ginn, datt se mat hirem Wësse eegen a friem Texter kritesch-konstruktiv noliese kënnen.
Contenu
- D'Friemwierder
- D’Getrennt- an Zesummeschreiwung
- D’Grouss- a Klengschreiwung
- ZLO-Test
Gestionnaire de formation
Melody Morgado
Tél. : 247 83161
E-mail : melody.morgado@inap.etat.lu
Modalités d'inscription
Sélection
Les places disponibles sont accordées sur la base du principe « premier arrivé, premier servi » pour autant que les demandes répondent au public-cible défini pour la présente formation. Le nombre de places disponibles affiché dans le tableau ci-dessous ne prend pas en compte les demandes en cours de traitement introduites au cours des dernières 24 heures.
Lieu d'organisation
Institut national d'administration publique 10, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Détail des dates
Session EC-8127-01
- 25. September - 01. Oktober 2025: 5 Stonnen autonom Léierphas (E-Learning)
- 03. Oktober 2025: 3 Stonne Workshop um INAP (9:00 - 12:00)
Remarques
Dëse Cours ass am Blended-learning-Format:
Am E-Learning entdecken d’Participanten individuell op der Moodle-Plattform weiderféierend Aspekter vun der Orthografie am Beräich vun de Friemwierder, der Getrennt- an Zesummeschreiwung an der Grouss- a Klengschreiwung.
Am E-Learning ginn all d’Reegelen aus dem Opbaucours, déi fir den Test ZLO (Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie) relevant sinn, vermëttelt.
Duerno ginn d’orthografesch Kompetenzen duerch de Workshop am Presentiel um Inap gefestegt.
Fir de Workshop, dee sech um Apprentissage coopératif inspiréiert, gëtt ugeduecht, datt d’Participantë Léiergruppe vu 4 Persoune bilden. Am Géigesaz zum E-Learning, bei deem all Participant eleng schafft, ginn d’Leit hei animéiert, fir a Gruppen zesummenzeschaffen.
De leschten Dag vun der Formatioun, fënnt den ZLO Test statt, den obligatoresch ass fir dës Formatioun ze clôturéieren. Wann en den ZLO Test net mëscht, kritt e kee Certificat zougeschéckt.
Sessions
Langue(s) du cours: Luxembourgeois
Code | Date | Formateur | Durée | Inscription |
---|---|---|---|---|
EC-8127-01 | 25-09-2025 | Mme Hess - M. Sperl | 1.33 jour(s) / 8.00 heure(s) | S'inscrire en ligne 12 place(s) restante(s) |